Der Dirigent der Fanfare Keispelt-Meispelt

NOESEN Philippe

 


De Philippe Noesen, Chef vun der Fanfare Keespelt-Meespelt, ass vum Februar 2014 un am Amt.

Hien huet séng musikalesch Carrière zu Péiteng an der Musekschoul ugefaangen, wou hie Perkussioun, Solfège a Piano geléiert huet.

Am Joer 2004 ass hien dunn an de Stater Conservatoire gewiesselt, fir do an der Klass vum Paul Mootz säin Diplôme Supérieur ze maachen, sougutt an der Perkussioun wéi och an der Kammermusek.

Des weideren huet hie Batterie beim Al Ginter studéiert, Uergel beim Pierre Nimax Jr a Piano beim Carine Weinand.

Zenter Januar 2009 ass hien als Perkussionist bei der Militärmusek täteg, wou hien zënter September 2010 fest ugestallt ass.

Am September 2009 huet hien den Dirigenteposten zu Miedernach ugeholl, wou hien och nach bis haut täteg ass, ausserdeem huet hie Kuere bei der Ugda gehal.